| 

Aktioun Bobby
Telefon 12321


Fin de l'encart
Contact

Du kanns de Bobby uruffen dagsiwwer vun Méindes bis Freides

(+352) 12321


Wien ass de Bobby, a wéi ass et iwerhaapt zum Bobby komm?

D’Equipe vun der Protection de la Jeunesse vun der Police Judiciaire, also déi Leit, déi berufflech Dag fir Dag mat Kanner, déi an Noutsituatioune sinn, ze dinn hunn, huet am Laf vun der Zäit bei esou trauregen Ermëttlungen fonnt, et misst een deene Kanner, déi bei der Police Judiciaire um Büro sinn, eng Upak kënne ginn, datt si e bëssche méi liicht iwwer hir schlëmm Erliefnesser erziele kënnten.

Ganz séier koum d’Iddi, dat a Form vun engem Petzi ze maachen. Well wat fir e Kand ass net frou mat sou engem Stoffdéier? Wat fir e Kand sicht keng Hëllef an Trouscht bei sengem Petz, wann et Suergen huet? Nodeem dës Iddi gebuere war, gouf sech d’Fro gestallt, wat fir eng Missiounen esou ee Petz nach iwwerhuele kënnt.

De Bobby stellt sech vier

 

Sou hate mit d’Iddi dem Petz e Slogan, an zousätzlech eng Telefonsnummer op de Bauch ze schreiwen. D’Telefonsnummer sollt einfach sinn an domat all Kand (oder och Erwuessenen) erlaben uruffen ze kënnen.

Mat der Hëllef vu Kanner huet d’Police Judiciaire no enger einfacher Telefonsnummer an och no engem gudde Numm fir hire Petz gesicht. D’Kanner hu bei esou Emfroen de Numm Bobby am flottste fonnt an sou ass och seng Telefonsnummer, also den 12321, erausgesicht ginn.

Mam Numm Bobby, ass e Numm fonnt ginn, deen am wäiteste Sënn nach un d’Police denke léisst, an zwar un e Polizist, dee bei de Leit e positiven Image huet, den englesche Bobby!

De Bobby kruet vun eis dernieft och nach d’Missioun eng Opklärungscampagne ze maachen, wou een deene méi klenge Kanner iwwer verschidde Problemer Opklärung ka ginn an domat d’Kanner méi staark maache kann.

De Bobby bidd Hëllef un, hie klärt op an hie sensibiliséiert. Hien ass dee klenge wäisse Petzi, dee fir Kanner, déi an Nout sinn, ënnert der Telefonsnummer 12321 ze erreechen ass. De Bobby lauschtert hinnen no a versicht de Kanner, déi e Problem hunn, séier a gutt ze hëllefen.


Sous-rubriques